Wien Sin Mer
Wien sin Maacher Guiden a Scouten
Dat kanns de bei de Guiden a Scouten erliewen:
* flott Aktivitéiten am Fräien
* eegen Iddiën zesumme matt Frënn realiséieren
* villsäiteg Erfarunge maachen
* international Frëndschaft an Zesummenaarbecht erfueren
* dech do asetze wou et der Wäert as
* mat entscheeden.
Wat äis wichteg as:
* jidder Eenzelnen eng Chance ginn
* eis Ëmwelt respektéieren
* sech fir Fridden a Gerechtegkeet asetzen
* all Beräicher vum Mënsch entwéckelen: Kierper, Geescht a Charakter
* sech partnerschaftlech verhalen tëscht Jongen a Medercher, Männer a Fraen
* Wäerter, déi weltwäit vun de Guiden a Scouten gedeelt ginn, wéi: Toleranz, Hëllefsbereetschaft, Solidaritéit…
* Haltungen ewéi: Engagement, Verantwortung iwwerhuelen, Suerg fir d’Ëmwelt droen, positiv Liewensastellung hunn…
Wéi mir schaffen:
* d’Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing)
* d’Spill an d’Aarbecht a klengen Equipen
* d’Liewen an der Natur
* den Asaz fir anerer
* d’Engagement, d’Matbestëmmung an d’Matverantwortung
* d’Andelung an Altersgruppen (Branchen)
* déi regelméisseg Aktivitéiten:
am Duerchschnëtt
– all Woch eng Versammlung
– all Trimester e Weekend
– all Joer e Camp.
5 Branchen:
*Wëllef 7-11 Joer
* AvEx (Aventure/Explorer) 11-15 Joer
Fir wien ?
Fir all Jongen a Meedecher tëscht dem 1te Schouljoer an 23 Joer. Erwuessener sin als Chef/Cheftaine oder Amical wëllkomm.
“Jongen a Meedecher kënnen an de Maacher Guiden a Scouten opgeholl gin, ouni Ënnerscheed vu Rass, Relioun, Sprooch, Nationalitéit, vun hire kierperlechen an/oder geeschtege Fähegkeeten, vun hirem soziale Milieu.” (Statuten, Artikel 2.2).
Wéi mir organiséiert sin:
Maacher Guiden a Scouten gehéiren dem Verband vun den LGS
Bei den LGS ginn et Mederchersgruppen, Jongegruppen a gemëscht Gruppen. Och behënnert Kanner a Jugendlecher kënne matmaachen.
Et ginn am Land 65 LGS-Gruppen mat 5500 Mêmberen. Si gehéieren zu de Weltorganisatioune vun de Guiden a vun de Scouten. De Scoutissem/Guidissem as weltwäit dee gréisste Jugendmouvement. E gouf vum Lord Robert Baden-Powell gegrënnt.
All Guiden- a Scoutsgrupp huet Cheftainen a Chefen, déi op fräiwëlleger Basis mat dene Jonke schaffen. Vu 18 Joer un kann ee Chef resp. Cheftaine ginn, nodeems een eng – vum Staat unerkannte Formatioun – matgemaach huet.
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn, nieft hiren traditionnellen Guide-/Scoutaktiviéiten, staark an der Entwecklungshëllef engagéiert. Projetën an deem Beraich geschéien an Zesummenaarbecht matt der agrééierter ONGD „Guiden a Scouten mat der 3. Welt“.