For english => https://grevenmacher.lgs.lu/?p=1868

Leif AvEx, Leif Elteren,

Mir präparieren eis elo op d‘ Zäit no dem Covid-19.

Camp

D‘ AvEx vun den Maacher Scouten ginn zësummen mat den Scouten vun Esch an Iechternach op den Summercamp an den Ellergronn. Dën Camp ass vum 27. Juli bis den 5. August 2020. Käschtepunkt vum Camp ass 175 €.

Weekend

Ausserdem ass vum 6. – 7. Juni 2020 en Kenneléierweekend fir den Camp geplangt. Den Rendez-Vous fir den Weekend ass den 6. Juni um 9:15 op der Gare zu Miersch. Den Retour ass den 7. Juni géint 16:25 och op der Gare zu Miersch. Den Käschtepunkt vum Weekend beleeft sech op 35€.

Um Weekend kënnen nëmmen déi AvEx deelhuelen, déi mat op den Camp ginn.

Um Weekend an um Camp ass Handyverbuet.

Umellung + Bezuelung

Umellung bis den 17. Abrëll 2020 per Formular.

50% vum Montant bis den 15 Mee, 50% vum Montant bis den 1. Juli 2020.